D’CSV Réiserbann wënscht Iech an Ärer Famill ganz schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch an alles guddes fir 2017!
CSV Lancement Gemengewahlen 2017
D’CSV Réiserbann, vertrueden duerch den Erny Strecker, Boris Zikes, Georges Thull an den Tiago Fernandes, war leschte Samschdeg, den 26. November, zu Monnerech um CSV Lancement, dee ganz am Zeeche vun de Virbereedunge vun de Gemengewahlen 2017 stoung. Esou huet de CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet de Sektiounen e Vademecum, ewéi och e ganze Package un Servicer virgestallt, vun deem d’Sektioune profitéiere kënnen. De President vun de CSG (Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit), Claude Clemes, huet en éischte Projet vun engem Kaderprogramm presentéiert. De Claude Wiseler, als nationale Spëtzekandidat, an de Parteipresident Marc Spautz hunn nach eng Kéier hir tatkräfteg Ënnerstëtzung am Gemengewahlkampf ënnerstrach.
OP DE PUNKT – OKTOBER 2016
![]() |
Den neien “Op de Punkt” vum Oktober ass eraus. Dier kënnt Iech en hei ukucken an eroflueden. |

