Communiqué

Léif Réiserbänner,

E Sonndeg si Gemengewalen. D’CSV Réiserbann huet Iech hire Walprogramm presentéiert. Mir hunn eis iwwer vill Saache Gedanke gemaach, déi mir zum Wuel vun eise Matbierger wëlle realiséieren.

An deenen nächste Joeren steet eis Gemeng viru groussen Erausfuerderungen: de Projet Léiweng mam geplangte Centre Commercial a Footballsterrain, de Verkéier deen ëmmer méi zouhëllt, d’Verbesserung vun den Infrastrukturen, d’Uwuessen vun der Bevölkerung an d’Sanéierung vun eise Gemengefinanzen.

Wat den Dossier “Léiweng” ugeet, sou hu mir eis Positioun kloer gemaach: d’CSV Réiserbann ass géint dëse Mega-Projet! Mir sinn derfir fir mëttelstänneg a propper Betriber an d’Gemeng ze kréien, vun deenen d’Awunner aus dem Réiserbann och en direkten Notzen hunn.

Wa mir den Optrag vun Iech kréien am Schäfferot kënne matzebestëmmen, engagéiert d’CSV Réiserbann sech, fir d‘Liewensqualitéit vun allen Awunner ze erhalen.

Chers concitoyens,

Dimanche prochain nous allons voter pour un nouveau Conseil Communal. Les candidats du parti CSV Réiserbann vous ont présenté leur programme électoral. Nous nous préoccupons du bien-être de tous les habitants du Roeserbann.

Dans les années à venir, notre commune doit faire face à des défis énormes: le projet de Livange du centre commercial et du terrain national de football, l’augmentation des problèmes de la circulation, l’amélioration d’infrastructures publiques, l’augmentation de la population, l’assainissement de nos finances communales ……

En ce qui concerne le dossier “Livange”, notre position est claire: la CSV Réiserbann est contre ce projet extrême ! Nous favorisons des petites et moyennes entreprises, dont les habitants de notre commune auront un avantage direct.

Si le résultat des élections nous est favorable, la CSV Réiserbann s’engage à assurer une qualité de vie élevée pour tous les habitants.

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)